
Wann e Pak weder bei där Persoun, un déi en adresséiert ass, nach bei där, déi e verschéckt huet, kann ofgi ginn, muss e bei den ILR bruecht ginn. An eleng deen decidéiert, wat da mam Pak geschitt, esou d‘Explikatioun vum Institut. Den ILR hätt och eng Entreprise kontaktéiert, déi rezent esou eng Vente vu Päck organiséiert huet, déi verluer gaange sinn. Op Nofro huet dës confirméiert, dass dobäi keng Päck verkaaft ginn, déi vu Lëtzebuerg kommen.