E risegt EventVerschidde Becca-Auere koumen e Samschdeg ënnert den Hummer

Tim Morizet
De Flavio Becca hat d'lescht Woch eng Klo géint de Lëtzebuerger Staat am Kader vum Auereprozess vun 2021 agereecht, dës huet awer keen Afloss op d'Stee.
Becca-Aueren ënnert dem Hummer
E Samschdeg goufen eng 150 Aueren, déi am Kader vun der Auerenaffaire ëm de Lëtzebuerger Millionär confisquéiert goufen, versteet.

En Deel vun de confisquéierten Auere vum Flavio Becca senger Aueresammlung gouf e Samschdeg am Casino zu Mondorf versteet. D’Aktioun gouf am Optrag vum Bureau de gestion des avoirs (dem BGA) organiséiert, deen dem Justizministère ënnersteet.

Mat 150 Stéck koum haut zu Munneref just en Deel vun den 842 Aueren, déi zesummen e geschätzte Wäert vun 18 Milliounen Euro hunn, aus der Sammlung vum Promoteur ënnert den Hummer. Den Undrang war enorm. Enthusiaste un Aueren aus der ganzer Welt sinn direkt oder indirekt am Casino vertrueden, esou de Maître Carlos Calvo Huissier de Justice.

Mir sinn iwwerrannt gi vum Interessi. Iwwer 1.500 Leit hu sech iwwert den Internet ugemellt. D’Leit kucken aus der ganzer Welt no a steeë mat. Mir hunn iwwer 300 Leit, déi sech ugemellt hunn, fir sur Place matzesteeën. Et ass e ganz grousst Event.”

An engem Prozess géint Verontreiung vu Gelder vun der Firma a Geldwäsch war dem Entrepreneur vum Parquet virgehäit ginn, fir mat Firmesuen eng grouss Privatsammlung u Luxusaueren opgebaut ze hunn. De Millionär gouf 2022 an zweeter Instanz zu 12 Méint op Sursis an enger Geldstrof vun 250.000 verurteelt. Och d’Auere goufe confisquéiert.

Den Erléis vun der Stee geet iwwregens an e Fong, fir d’Kriminalitéit zu Lëtzebuerg ze bekämpfen. Suen also, déi Asätz géint Geldwäsch, Terrorismus an Drogenhandel finanzéieren.

Back to Top
CIM LOGO