
Manktem un therapeutescher Offer, Onsécherheete bei der Zukunft vun den Infrastrukturen an d’Planung vun engem Jugendprisong no der Reform vum Jugendschutz.sinn d’Bemole respektiv d’Froen, déi bleiwen, nodeems d’Ombudsman Claudia Monti an hirer Qualitéit als externe Kontroller vun zouene Strukturen an den Ombudsman fir d’Rechter vu Kanner a Jugendleche Charel Schmit eng Analyse vun der UNISEC gemaach hunn.
Am Summer 2021 ware si mat der Missioun befaasst ginn, de Fonctionnement vun der Unité de Sécurité zu Dräibuer ënnert d’Lupp ze huelen, nodeems et do e puer Mol zu Problemer komm war. Ënnert anerem gouf et Rebelliounen.
Op Basis vun enger Rei Recommandatioune wieren et Changementer ginn. Déi generell Atmosphär hätt sech verbessert, d’Tensioune wieren erofgaangen an de Feedback vum Personal wier positiv.
De ganze Rapport gëtt nächste Mëttwoch presentéiert.