Alcon DAILIES TOTAL1 an TOTAL30Verschidde Kontaktlënse kéinten zu Irritatiounen an den Ae féieren

RTL Lëtzebuerg
De Gesondheetsministère huet matgedeelt, dass verschidde Kontaktlënsen mat engem Produit a Kontakt koumen, deen Irritatiounen an den Ae ka provozéieren.
© RTL Grafik

Betraff si Produite vun der Mark Alcon, dat aus de Gammen “DAILIES TOTAL1" an “TOTAL30".

Bei der Produktioun koumen déi betraffe Lënsen a Kontakt mat engem Produit, deen do näischt verluer huet. Et besteet keng Gefor fir d’Gesondheet, wann een där Lënsen undeet, ma et kann zu Irritatiounen an den Aen kommen, respektiv et kéint ee just ondäitlech gesinn.

Um Site vun der Santé fënnt een d’Seriennummere vun all de Lënsen, déi betraff sinn.
Kontrolléiert deemno, ob Dir och Kontaktlënse vun deene Chargen hutt a mellt Iech da beim Optiker, der Apdikt asw, vu wou der se kritt hutt. Si erklären Iech dann, wéi d’Prozedur fir de Remboursement ass.

An Tëschenzäit ass et den Appell, fir op de Brëll zeréckzegräifen, an déi betraffe Lënsen op kee Fall ze benotzen.

Back to Top
CIM LOGO