
Dës Servicer, déi jo am Moment nach an der Cité judiciarie sinn, wäerten an d’Rocade de Bonnevoie, direkt bei de Büroe vun der VdL, plënneren.

Vum 16. September u wäert zwar déi physesch Adress änneren (35, rue de Bonnevoie), ma d’Adress fir de Postwee bleift awer onverännert, sou dass d’Courrieren ëmmer nach op dës Adress geschéckt solle ginn:
Cité judiciaire
Plateau du St. Esprit
JAF/Casier judiciaire/Répertoire civil
L-2080 Luxembourg
Wat och nach ännert, sinn d’Telefonsnummere vun de betraffene Servicer, dat och vum 16. September 2024 un. Hei wäerten all d’Nummere vu Mëtt September u mat der Virwal 2473 ugoen, dono kënnt dann d’Extensioun, déi och aus 4 Nummere besteet. Fir de Juges aux affaires familiales ass d’Nummer den Ament 475981-2692, an Zukunft wäert d’Nummer dann den 2473-2692 sinn. Och de Fax wäert an Zukunft net méi a Betrib geholl ginn.
Weider Ännerung da wäerten et bei den Horairë ginn. D’Guichete fir de Casier judiciaire an de Répertoire civil wäerte vu Méindes bis Freides vun 9-12 Auer a vun 13-16 Auer ophunn. Den Dag vun der Plënneraktioun, also de 16. September selwer, wäert de Guichet fir de Casier judiciarie sichen ze goen, zou bleiwen.