
Wëll campen, also ausserhalb vun zougeschriwwene Campingsplaze schlofen, ass net erlaabt. Esou wéi och Grillen an der Natur. Et gëllt natierlech och, d’Natur ze respektéieren an net ze verknaschten. Och dat wëll d’Police kontrolléieren.
Doriwwer eraus präziséiert d’Police nach, dass d’Signalisatiounen op der Stroosse sollen agehale ginn.