An der Chamber gestëmmtVerstäerkungsmoossname fir d'Staumauer

RTL Lëtzebuerg
D'Staumauer gehéiert zu de kriteschen Infrastrukturen am Land.
© RTL

Dofir huet d’Chamber e Mëttwoch e Gesetz vu bal 100 Milliounen Euro gestëmmt, an deem 5 Verstäerkungsmoossname virgesi sinn.

Dank dëse Mesurë gëtt d’Staumauer souguer fir Héichwaasser geschützt, wéi et all 10.000 Joer kéint virkommen. Déi 98 Milliounen, déi mer mat dësem Projet fir dëse Chantier guttheeschen, sinn eng wichteg Investitioun an eis Zukunft. Si droen e bedeitenden Deel zur Grondversuergung un Drénkwaasser bäi, och fir déi nächst Generatiounen.”, esou den CSV-Deputéierten Emile Eicher.

Donieft gëtt de Schutz virun Héichwaasser verbessert, virun allem fir d’Awunner vun Esch-Sauer a Béiwen. Den Horrorzenario, datt déi 47 Meter héich Staumauer kéint briechen, wëll ee sech guer net virstellen. Etüden no hätt dat en Impakt bis op Tréier, vun de Schied hei am Land guer net ze schwätzen. D’Aarbechte fir dës Verstäerkungsmoossname fänken nach dëst Joer un an dauere bis 2031.

Back to Top
CIM LOGO