Véier BlesséierterVill Accidenter a soss Tëschefäll um Freideg de Moien

RTL Lëtzebuerg
Nieft zwee Bränn goufen et eng Partie Accidenter an et gouf och eng Persoun vun engem Auto ugestouss.

Géint 6.30 Auer hat zu Bettenduerf um Schreideschhaff e Koup Dreck gebrannt.

Kuerz no 8 Auer ass tëscht Colmer-Bierg an dem Karelshaff en Auto an eng Mauer gerannt. Ënnert anerem den Ettelbrécker SAMU war am Asaz. Eng Persoun gouf verwonnt.

Géint 8.30 Auer gouf et e weideren Asaz an der Géigend, déi Kéier op der N7 bei Colmer-Bierg. Hei waren zwee Autoen aneneegerannt an eng Persoun gouf verwonnt.

Kuerz virun 9 Auer sinn op der A3 Diddeleng Richtung Beetebuerger Kräiz zwee Gefierer net laanschtenee komm. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Géint 9.30 Auer huet dann zu Beetebuerg an der Z.A.E. Wolser F de Motor vun engem Camion gebrannt. Et blouf hei beim Materialschued.

E puer Minutte méi spéit huet et op der N7 tëscht Houschent an der Lëpschter Dällt gerabbelt. Een Auto war heiran implizéiert.

Kuerz virun 10 Auer ass um Sennengerbierg an der Tréiererstrooss eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. Eng Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO