Den Dag goung um 11 Auer e Sonndeg de Moien un. Stressfräi a gratis fënnt een eng Parkplaz op engem vun den zwee gratis Parkingen. Dem “Kräizfeld” zu Lëlz oder dem méi grousse Parking “Am Kéilert” zu Ënsber. De Plagëbus fiert do ongeféier all 20 Minutte fort. Mat der Navette kann een dann den Tour vun de Plagë maachen. Wéi ausgelaascht d’Plagen oder d’Parkinge sinn, kann een um Site vu Visit Éislek kucken.
Déi héich Temperaturen an domat och déi vill Visiteuren um Stauséi bedeiten natierlech och ëmmer héich Alarmbereetschaft bei dem Groupe de sauvetage aquatique vum CGDIS. D’Aarbecht um Stauséi géing Spaass maachen, seet de Jérome Gloden, Chef de goupe adjoint vun de Fräschmänner. Ma et géing nach méi Spaass maachen, “wann d’Leit heiansdo géingen op sech selwer oppassen”. Hie réit dofir de Leit, se sollen net vu Klippen an d’Waasser sprangen. Ëmmer nees kéim et zu Schnëttverletzungen oder dass sech Leit géingen de Kapp opschloen. Och wann ee schonn emol vun enger Plaz konnt an d’Waasser sprangen, géing dat net heeschen, dass dat ëmmer geet. De Waasserniveau géing changéieren. Dëst Joer wier bis elo wéinst dem ville schlechte Wieder e rouegt gewiescht. 15 Mol hätt ee bis elo misste wéinst Noutfäll mam Boot intervenéieren.
Souwuel um Frounebierg wéi och op dem Fuussefeld, ma och op de sëllegen anere Plaze waren e Sonndeg schonn am fréie Mëtte vill Leit komm, fir ze schwammen, ze grillen, Futtball ze spillen, oder einfach nëmmen an der Sonn ze léien. Fir dass awer jidderee sech gläichermoossen ameséiere kann, kuckt de Parkranger de Leit iwwert d’Schëller a këmmert sech dorëm, dass Reegelen agehale ginn. “D’Leit solle matenee schwätzen, een op deen anere lauschteren an een deen anere respektéieren”, seet den Tom Schmit, Ranger am Naturpark Öewersauer. Domat wier d’Harmonie op de Plagë scho quasi vum selwe garantéiert. Him war et dann awer och nach wichteg, drop hinzeweisen, dass d’Regioun och nach méi wéi just de Stauséi ze bidden hätt. Zum Beispill de Gedenktourismus um Schumanns-Eck, de Waassersënneswee an eng ganz Partie Wanderweeër an Aussiichtspunkte wéi de Belvedere zu Buerfelt.