
Statistiken iwwert d’Unzuel vun de kontrolléierte Chauffere gi keng gefouert, sou seet et den zoustännege Minister Léon Gloden. Mee d’Zuele vu Chaufferen, déi net legal ënnerwee waren an erwëscht goufen, si bekannt: Sou hu bannent dem leschten hallwe Joer eng 850 e Protokoll krut, well se hire Permis net dobäi haten - eng 120 Automobilisten hu missten bezuelen, well se guer kee Führerschäin hunn an awer hannert dem Steier souzen.
Och a punkto Assurancë ginn et nach ëmmer vill Chaufferen, déi keng dobäi hunn, respektiv wou d’Gefier guer net verséchert ass: Där Protokoller goufen et eng 950 bannent de leschte 6 Méint.
D’Informatioune liwwert de Policeminister op Froe vun den DP-Deputéierten Emering a Bauler.