
Et ginn nach ëmmer Proprietären, déi nom Caritas-Skandal drop waarden, datt se hir Loyeren nobezuelt kréien, well se Haiser an d’sozial Locatioun ginn haten, déi vun der Caritas geréiert gëtt.
Entretemps huet déi nei HUT asbl fir 79 Wunnengen am Kader vun der sozialer Locatioun eng Konventioun mam Ministère lafen. Well eng Reconciliatioun amgaangen ass, kann de Logementsminister aktuell awer net soen, wéi vill Proprietären nach op Loyere waarden.
HUT ass dann och zur Zäit amgaangen, nei Kontrakter auszehandelen, fir Locatiounswunnengen, déi vun der Caritas iwwerholl goufen. Och mussen zum Deel Locatairen aus Ex-Caritas-Wunnengen op aner Sitte plënneren.
D’Caritas hirersäits ass amgaangen, Liquiditéite beieneen ze kréien, fir all Creanciere kënnen ze bezuelen, wat nach geschëlt ass. Déi Informatioune liwwert de Minister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement.