Vu Rëmerschen iwwer Iechternach bis erop op Wäiswampech an de Stauséi. Bis Enn September däerf nees am Waasser gespillt a gebuet ginn. Domadder fänkt och d’Aarbecht fir d’Fräschmänner vum CGDIS un. Si sinn op de Weekender an de Feierdeeg ronderëm an um Stauséi zu Lëlz aktiv. Bis den Hierscht kann een dann och nees mam Solarboot fueren, dat all Dag ausser méindes. Wärend de Summerméint fiert d’Boot dräi Mol den Dag. Zwou Stonnen ass een um Stauséi ënnerwee.
Um 1. Mee - dem Feierdag - hu ganz vill Leit vun deem gudde Wieder profitéiert, fir mat Frënn a Famill ze feieren, ze grillen a sech z’ameséieren.