Biergbau a Schmelzen. Joerzéngte laang d'Garantie fir de Wuelstand vum Land.
Haut op den Dag viru 40 Joer gouf um Thillebierg déi leschte Minn zougemaach. Um Schluss hunn nach eng 170 Leit hei zu Déifferdeng ënnerdaach geschafft.
Ënner schwéierste Konditiounen hunn tëscht 1865 a bis 1981 d'Mineure geschafft. 500 Milliounen Tonnen Eisenäerz ass an all där Zäit ofgebaut ginn.
De Biergbau war e geféierleche Job. Bal 1.500 Mënschen hunn hiert d'Liewen an de Minne verluer. D'Mineure stinn awer och fir sozial Acquisen. Si sinn doranner Pionéier.
Ugangs gouf nach manuell an de Minne geschafft. Um Thillebierg gouf ugangs de 1940er Joren eng 400 Dausend Tonnen Eisenäerz pro Joer ofgebaut.
D'Minnen um Thillebierg hunn sech op enger Surface vun 380 Hektar erstreckt. Si waren deelweis 9 Meter héich.
Enn de 1960er Jore bis Ugangs de 70er goufen d'Maschinnen an de Minnen um Thillebierg moderniséiert. Et gouf vun Elektresch op Diesel ëmgesuedelt.
Enn November 1981 ass Schluss mam Biergbau. Domadder geet eng laang an erfollegräich Zäit am Minett op en Enn.