An EuropaVirun 79 Joer ass den Zweete Weltkrich op en Enn gaangen

RTL Lëtzebuerg
Den 8. Mee 1945 markéiert deen Dag, op deem Nazi-Däitschland kapituléiert huet.
© Lucien Koneczny

Et war d’Kapitulatioun vun der Wehrmacht géintiwwer de westlechen Alliéierten an der Sowjetunioun. De Bilan vun dësem Krich léist engem d’Blutt an den Odere fréieren: Méi wéi 60 Milliounen Doudeger waren dëser Kapitulatioun virausgaangen a méi wéi 6 Milliounen europäesch Judde goufen ëmbruecht. Lëtzebuerg hat ronn 5.700 Doudeger ze bekloen.

Den Enn vum 2. Weltkrich

Ugefaangen hat de Krich duerch den Adolf Hitler, d’Nationalsozialisten an den Ugrëff op Polen den 1. September 1939. Fënnef an en halleft Joer méi spéit war en an Europa eriwwer. Mä wéi ass et dozou komm?

Am Juni 1944 sinn déi Alliéiert an der Normandie ukomm, woumat Nazi-Däitschland op militäreschem Plang verluer huet. Den Adolf Hitler wollt sech domat awer net geschloe ginn an huet nach honnertdausende Mënschen ëmbrénge gelooss.

Enn Abrëll 1945 fänkt déi rout Arméi allerdéngs un, Berlin anzehuelen. Wärend och hei Leit ëm d’Liewe kommen, entzitt sech den Hitler senger Verantwortung an hëlt sech den 30. Abrëll d’Liewen. Als Successeur benennt hien den Admirol Karl Dönitz. Dëse beoptraagt de Generol Alfred Jodl dermat, d’Verhandlunge fir d’Kapitulatioun zu Reims ze féieren. Hie versicht se no hannen ze verréckelen, allerdéngs ouni Erfolleg.

Den 8. Mee ass zu Berlin dunn den Zertifikat vun der bedéngungsloser Kapitulatioun ënnerschriwwe ginn. Domat ass dësen Dag e wichtegen Datum fir Europa, dee mat Fridden a Fräiheet verbonne gëtt. An anere Länner ass de Krich awer nach weidergaangen. Japan huet seng Kapitulatioun eréischt den 2. September ënnerschriwwen.

Mam Enn vum Krich ass d’Welt gewuer ginn, mat wéi engem Ëmfang a mat wéi enger Grausamkeet d’Leit, besonnesch d’europäesch Judden, an den däitsche Vernichtungslager ëm d’Liewe komm sinn. Dem Hitler seng Ministeren a Genereel, déi no der däitscher Kapitulatioun vun den Alliéierte gefaasst goufen, hu sech mussen an de berüümten Nürnberger Prozesser vun 1946 viru Geriicht veräntwerten a krute Prisongsstrofen oder goufen zum Doud verurteelt.

PDF: Schreiwes vun der Association des Anciens Combattants de la Guerre 1939-1945

Back to Top
CIM LOGO