Gedenkfeieren op ville PlazenVirun 82 Joer gouf d'Wehrflicht agefouert an et koum zum Generalstreik

Claudia Kollwelter
Anne Wolff
Den 30. August 1942, also haut virun 82 Joer, gouf vum deemolegen Gauleiter Gustav Simon d’Wehrflicht hei zu Lëtzebuerg agefouert.
Virun 82 Joer gouf d'Wehrflicht agefouert
Méi wéi 13.000 jonk Lëtzebuerger tëscht 18 a 24 Joer goufen an den Truppe vu Nazi-Däitschland zwangsrekrutéiert.

Commemoratioun Zwangsrekrutéierung / Reportage Claudia Kollwelter

Méi wéi 10.200 jonk Lëtzebuerger tëscht 18 a 24 Joer goufen an den Truppe vu Nazi-Däitschland zwangsrekrutéiert.

Um Lampertsbierg gëtt dowéinst dëse Freideg un dee schwaarzen Dag geduecht an un all national enrôlés de forces. Et goufen nämlech deemools och iwwer 3.600 jonk Fraen zur Aarbecht am Déngscht vum Naziregime gezwongen.Doropshin koum et zum Generalstreik, un deen e Samschdeg ënnert anerem zu Wolz erënnert gëtt.

10.200 jonk Lëtzebuerger si wärend dem 2. Weltkrich zwangsrekrutéiert ginn. Den 30. August 1942 huet den Gauleiter Gustav Simon bei enger grousser Propaganda-Veranstaltung an de fréieren Ausstellungshalen um Lampertsbierg deklaréiert, datt d’Lëtzebuerger vun de Joergäng 1920 bis 27 an d’Wehrmacht misste goen. An der Victor Hugo Hal war e Freideg an deem Kader eng Commemoratiouns-Zeremonie.

82 Joer ass et hir, datt d’Nazien d’Zwangsrekrutéierung ordonéiert hunn. Et wier den Ufank vun engem vun den däischtersten Kapitelen an der Geschicht vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich gewiescht, huet den Josy Lorent, President vun der Zwangsrekrutéierten-Federatioun, betount: “D’Zwangsrekrutéierung, vun där direkt oder indirekt all Famill zu Lëtzebuerg betraff war, gëtt zu Recht, als dat gréisste Krichsverbrieche vun den Nazien un der Lëtzebuerger Jugend duergestallt.”

11.200 Jonge ware vun der Zwangsrekrutéierung betraff: “Vun hinnen sinn der 1.378 meeschtens un der Ostfront gefall. 163 goufen der erschoss. 223 si gestuerwen. An 1.084 gëllen als vermësst. Eng 3.500 vun hinnen goufe Refraktären oder Deserteuren a sinn deelweis am Ausland ënnergedaucht, wat fir hir Familljen Follegen hat, ënner anerem d’Ëmsiidlung.”

Ma och iwwer 3.600 Meedercher goufen zur Aarbecht am Déngscht vum Naziregimm gezwongen: “58 vun deene jonke Fraen hunn d’Heemesch net méi erëmgesinn. Si sinn bei Bombardementer vun den Alliéierten ëm Liewe koum.”

Et wier e Krichsverbriechen, dat ni a Vergiessenheet dierf geroden huet de Josy Lorent ënnerstrach. Fir datt sech d’Geschicht net widderhëlt misst een no hanne kucken: “An dobäi däerfe mir ni mengen, d’ Demokratie an d’ Respekt vun de Mënscherechter, déi wären eng Selbstverständlechkeet, déi et einfach esou ginn huet.”

Uschléissend un d’Zeremonie war eng Mass an der Kierch um Lampertsbierg.

E Samschdeg da gëtt op ville Plazen am Land, , ënner anerem zu Wolz an zu Schëffleng, un de Generalstreik geduecht, deen den Dag no der Annonce vun der Zwangsrekrutatioun ausgebrach war. De Streik war deemools vum Gauleiter Gustav Simon an den Nazitruppe brutal bestrooft ginn.

Back to Top
CIM LOGO