
Eng Patrull konnt kuerz drop eng Fra op engem Busarrêt untreffen. Dës war därmoossen alkoholiséiert, dass si kaum uspriechbar war a getierkelt ass. Ausserdeem huet si sech géigeniwwer de Beamten aggressiv verhalen, sou dass decidéiert gouf, si iwwert d’Nuecht am Arrest ze placéieren.
An der Nuecht op en Donneschdeg krut d’Police dann eng staark alkoholiséiert Persoun gemellt, déi sech an der Urgence vun engem Spidol zu Esch-Uelzecht donieftbehuele géing. Well de Mann eng Gefor fir sech selwer an déi aner duergestallt huet, gouf och hie fir d’Nuecht am Arrest ënnerbruecht.