
Dobäi goufen engersäits d’Gemengen a verschiddenen Offices régionaux regruppéiert an anerersäits eng national Struktur geschaaft, déi sech ëm den internationale Marketing këmmert. An do gëtt et genuch Erausfuerderungen.
Dat weist schonn eleng de Fait, datt mëttlerweil 28 Leit fir Luxembourg for Tourism schaffen, 21 um Kierchbierg a siwen am Éislek. De Bilan vun 2023 géing mat knapp 3,5 Milliounen Iwwernuechtungen duerch 1,5 Milliounen Touristen extrem gutt ausfalen. Trotzdeem géing et nach Loft no uewe ginn. Dat virun allem bei Visiteuren aus deenen zwee groussen Nopeschlänner, notamment Däitschland, wéi de Generaldirekter vun LFT, Sebastian Reddeker erkläert.
“An Däitschland hu mer extrem vill Potenzial nach net ausgeschöpft. Op där anerer Säit gesi mer awer och, datt beispillsweis, wa mer de Campingsecteur kucken, hate mer 2023 plus 31 Prozent Zouwuess par Rapport zu 2019. An do koume ganz vill nei Gäscht aus Däitschland. An do hu mer beispillsweis gesinn, datt an engem Segment, wou Lëtzebuerg extrem staark ass, mir awer och op anere Marchéë Cliente kënne fannen, wéi ech soen traditionell an Holland beispillsweis.”
Well een net iwwerall present kéint sinn, géing ee sech op grouss Ballungszentere wéi Köln, Düsseldorf, Frankfurt a Stuttgart beschränken. Déi wieren engersäits net ze wäit vu Lëtzebuerg fort an anerersäits géing et do eng gewësse Kafkraaft ginn.
Dem Sebastian Reddeker no besteet ee vun deene gréissten Defien doranner, de Label “Visit Luxembourg” an der digitaler Welt ze schützen. Virun allem an de sozialen Netzwierker wier een ëmmer rëm mat problemateschen Aussoe konfrontéiert.
“Mir haten eng ganz spezifesch Situatioun, wou mer eng Kollaboratioun mat enger schwuler Koppel haten, déi zu Lëtzebuerg ënnerwee war an iwwert hir Rees bericht huet. Mir hunn dat op Social Media gedeelt a mir haten a ganz kuerzer Zäit extrem vill negativ Commentairen, déi Lëtzebuerg an dat oppent Lëtzebuerg kritiséiert hunn an dat a Wierder, déi ech hei ongär wéilt widderhuelen.”
Et hätt een all Hänn voll ze di gehat, fir d’Situatioun meeschter ze ginn. Hei hätt een als parastaatlech Entitéit d’Flicht, d’Wäerter vum Land ze verdeedegen. Nieft de Wäerter géing et awer och ëm de Wäert vum Label goen. Dee kéint een zwar nach net konkret chiffréieren, mee et wéist een awer, datt Visit Luxembourg ee positiven Effekt op d’Reputatioun vum Grand-Duché am Ausland hätt.