Organiséiert gouf déi Aktioun vun der pro-europäescher Partei Volt.
D’Kontrollen un den däitschen a franséische Grenze wieren eng Attack géint den europäeschen Zesummenhalt. Fir d’Partei wier dat e Schratt no hannen.
“Mir froen d’Politiker, d’Wichtegkeet vu Schengen unzeerkennen. Net just als politeschen Accord, mee als Symbol vun eiser Identitéit an eise Wäerter. Mir brauchen eng europäesch Äntwert op europäesch Problemer”, betount d’Christelle Savall vun de Young European Federalists.
Dofir hat Volt opgeruff, fir oppe Grenzen ze manifestéieren.
“Anstatt Menschen an den Grenzen zu kontrollieren, sollten wir in Bildung, Integration und soziale Sicherheit investieren”, sou den Alexander Klein vu Volt Däitschland.
D’Europäesch Unioun wier en Erfolleg, huet se dach déi längst Period u Fridden an der Geschicht an Europa bruecht.
“Grenzkontrollen anzeféieren, ass och, Grenzen an eis Häerzer, an eis Käpp ze zéien, wat zu méi Nationalismus féiert. An dat ass, wat mir aus der Gesicht kennen: net de Wee a Richtung Fridden”, betount d’Isabel Arens vu Volt Däitschland.
Den Europäesche Gedanke misst héich gehale ginn, heescht et an de Rieden, ier de Marsch sech a Beweegung gesat huet. Et goung aus Frankräich iwwer d’Grenz an Däitschland. Begleet vun der Police, déi awer e Samschdeg hei keng Kontrolle gemaach huet. D’Schengener Bréck - antëscht e Symbol fir en Europa ouni Grenzen. Méi multikulti wéi Lëtzebuerg géing net goen, an et wier een dorop ugewisen, sot de Co-President vu Volt Lëtzebuerg, de Philippe Schannes:
“Dofir loosst eis alleguer net vergiessen: Mir sinn Europa, mir brauchen Europa a mir wäerten eis Fräiheet bis zulescht verdeedegen.”