
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 65 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 7.731 Tester vu Residentë gemaach.
Aktuell sinn 21 (-2) Leit hospitaliséiert, dovunner keen op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 597 aktiv Infektiounen. 6.367 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,00.