Coronavirus zu LëtzebuergVu 743 PCR-Tester waren der 142 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.122 bliwwen ass.
© RTL-Archivbild

Aktuell sinn 12 Persounen hospitaliséiert, zwee Patiente läien op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.001 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 452 waren ergänzend Dosen, wärend sech just 2 Leit fir eng éischt Impfung decidéiert hunn. Bei 9 Persoune war et déi zweet Dosis.

Bei 47 Persounen ass eng Re-Infektioun festgestallt ginn.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,86. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO