Neien Tool op geoportail.luVu Belval bis Wäiswampech: Lëtzebuerg fréier an haut

Pierre Weimerskirch
Zanter enger Woch kann een op geoportail.lu Loftopname vu Lëtzebuerg aus dem Joer 1967 mat deene vun 2022 vergläichen.

Mir hunn eng Rei Loftopname verglach, fir ze weisen, wéi staark sech Lëtzebuerg an de Jore verännert huet.

Belval, Bissen, Findel

Bis an d'90er Joren ass zu Belval nach Stol verschafft ginn. 1997 gouf de leschten Héichuewen ausgemaach. 1999 gouf en Architektebüro beoptraagt, fir Belval nees ze urbaniséieren. Zanterhier ass eng Mini-Stad entstanen. 1967 war Biissen e klengt Duerf, op de Biller vun 2022 gesäit een, wéi d’Industriezon entstanen ass. D’Loftopname vum Findel weisen, wéi de Fluchhafe sech an de Jore gewandelt huet.

Kierchbierg, Téiteng a Rëmerschen

De Kierchbierg war 1967 virun allem e grousst Feld. An de leschte Jore si Bürosgebaier a Wunnenge wéi Champignonen aus dem Buedem geschoss.

Op ville Plazen am Süde vum Land ass de Minett ofgebaut ginn. Esou och ënnert anerem zu Téiteng am Dagebau. Zu Rëmersche gesäit een 1967 d’Baggerweieren nach net, déi sinn eréischt duerch den Ofbau vu Kisel a Sand entstanen.

Link op d’Säit vum Geoportail

Back to Top
CIM LOGO