LuxTrust erënnert nach eng Kéier dorunnerVum 31. Dezember u kann ee sech net méi mam Token identifizéieren

Roy Grotz
D'Deeg vum Toke si gezielt: Op den 31. Dezember ginn d'Token desaktivéiert.

Domat gehéiert deen Identifikatiounsoutil no 16 Joer Zerwiss der Vergaangenheet un a gëtt komplett duerch d’LuxTrust-App ersat.

Wéi d’Firma schreift, géif dee Changement aus Sécherheetsgrënn geschéien a fir de Client ze protegéieren, besonnesch och bei Online-Transaktiounen a virum Hannergrond vun der Cyberkriminalitéit.

80 % vun alle LuxTrust-Clienten hunn dann och ewell d’gratis App, fir sech domat bei Transaktiounen z’identifizéieren.

Leit, déi kee Smartphone hunn, kënnen op de LuxTrust-Scan als physesch Alternativ zeréckgräifen.

E Guide fir d’LuxTrust-App ze aktivéieren, gëtt et um Site vu LuxTrust - wéi gesot muss d’Migratioun bis den 31. Dezember gemaach gi sinn, duerno gëtt den Token net méi acceptéiert, fir e Virement ze maachen.

LuxTrust ass iwwerdeem och an der Belsch, Frankräich a Monaco aktiv an huet eng 120 Salariéen.

Back to Top
CIM LOGO