
Aktuell sinn 28 Persounen hospitaliséiert, eng dovunner läit op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.290.849 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 369 waren ergänzend Dosen, wärend et bei zwou Persounen déi zweet Dosis war a bei enger déi éischt.
Et goufen 193 Neiinfektioune registréiert.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,34. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.