
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 58 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganze 4.777.
Vun den Infizéierte sinn der 3.901 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 44 Joer.
Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 266.437 Tester gemaach. An de leschte 24 Stonne goufen 10.728 Tester gemaach.
Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 581 aktiv Infektioune ginn a 4.086 Persoune gëllen als geheelt.
Aktuell sinn 27 Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 3 (+1) Patient sinn aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 967 (+1) Mënschen d'Spidol nees verloossen.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,09. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.
