
Tëscht 1 an 3 Auer um Samschdeg de Moien ware si zu Féiz an der Brillstrooss am Asaz. Hei hu si 48 Automobilisten ugehalen, ouni datt dës negativ duerch hir Fuerweis opgefall wieren. An zwee Fäll haten d’Chaufferen ze vill gedronk, et blouf awer a béide Fäll bei engem Protokoll.
Virdrun, tëscht 23 a 24 Auer um Freideg, stoungen d’Polizisten zu Schuller an der Lonkecherstrooss. Hei goufen 94 Automobilisten an Automobilistinne kontrolléiert, woubäi den Test an dësem Fall dräi Mol ausgeschloen huet. Eng Kéier gouf et e Protokoll an zwee Mol en Avertissement Taxé. E Permis huet net missten agezu ginn.