Zweiwel u Plang vun der AESAVun 2027 u solle kommerziell Flich just nach mat engem Pilot besat ginn

RTL Lëtzebuerg
Nach keng Conclusiounen op d'Fro vun der potentieller Reduktioun vun der Unzuel u Piloten.
© AFP

D’Agence de l’Union européenne pour la sécurité aérienne, kuerz AESA, an där Lëtzebuerg Member ass, plangt vun 2027 un, kommerziell Flich mat engem eenzege Pilot ze besetzen, an dat wärend verlängerte Flich. D’LSAP-Deputéiert Mars di Bartolomeo a Francine Closener hunn Zweiwel dorun, an hunn an deem Kontext eng parlamentaresch Fro un d’Mobilitéitsministesch gestallt.

Parlamentaresch Fro iwwer Fluchreegelen / Reportage Chris Meisch

D’AESA, deenen hir Haaptaufgab et ass, d‘Sécherheet an der Loftfaart ze garantéieren, huet nach keng Conclusioune gezunn op d’Fro vun der potentieller Reduktioun vun der Unzuel u Piloten am kommerzielle Lofttransport. Well beim leschte Sécherheetsrapport vun der AESA steet, dass déi meescht gréisser Tëschefäll an Accidenter am Duerchschnëtt wärend där viséierter Phas vum Fluch geschéien, mengen d’LSAP-Deputéiert, dass dëst net zur Sécherheet vun der Loftfaart bäidréit, am Géigendeel.

An hirer Äntwert huet d’Transportministesch Yuriko Backes kloer gemaach, datt d’Lëtzebuerger Regierung d’Autoritéit an d’Kompetenz vun der AESA als Kontrollorgan vun der Europäescher Unioun vun der Loftfaartsécherheet respektéiert. Si huet betount, datt Lëtzebuerg d’AESA-Reglementer ëmsetzt. Dat nämmlecht gëllt fir déi zwou Lëtzebuerger Fluchgesellschaften Luxair a Cargolux. D’DP-Ministesch präziséiert, datt d’Pilote vun der Luxair, déi nëmme kuerz- a mëttelfristeg Volle fléien, wärend all Phas vum Fluch am Cockpit sinn. Vu Säite vun der Cargolux ginn d’Entwécklungen a puncto Automatiséierung vun de Fligeren zwar begréisst, se missten awer vun den zoustännegen Autoritéite richteg getest, dokumentéiert an zertifiéiert ginn.

D’Lëtzebuerger Associatioun vun de Linne-Piloten hirersäits refuséiert dës Approche a behaapt sech drop, dass d‘Sécherheet vun de Flich, vun der Zesummenaarbecht am Cockpit ofhängeg ass an eng Reduktioun vu Pilote just zu zousätzleche Riske féiert.

En offiziellen Avis gëtt sech 2026 erwaart. Doropshi kéinten déi aktuell Reegelen geännert an adaptéiert ginn. De Moment wieren déi Diskussioune reng Spekulatiounen, betount d’Yuriko Backes nach an hirer Äntwert.

Back to Top
CIM LOGO