Alkoholkontrollen zu Miedernach an EttelbréckVun 247 Chaufferen hate 5 Chaufferen ze déif an d'Glas gekuckt

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg huet d'Police op Uerder vum Parquet tëscht 23 a kuerz no 2 Auer op zwou Plazen am Land Alkoholkontrollen duerchgefouert.
© RTL Archivbild

Am Ganze goufen op der N14, Héicht Miedernach an zu Ettelbréck 247 Automobilisten ugehalen, och ouni Indice op en alkoholiséierten Zoustand.

Wéi d’Police präziséiert, hate fënnef Automobiliste gedronk, véier kruten e Procès-verbal an een en Avertissement taxé. Zwee waren iwwerdeems hire Permis lass.

Back to Top
CIM LOGO