Coronavirus zu LëtzebuergVun 6.240 Tester waren der 141 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 821 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell si 17 Persounen hospitaliséiert, dovunner 6 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 665.316 Impf-Dosisse genotzt. 929 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 4.518 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,85. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO