
Hei am Land ginn et fir dës Situatiounen nëmme ronn 60 Better fir kuerz Openthalter. Dës Plaze sinn an de 64 Cipaen, encadréiert Logementer a Fleegeheemer also, déi alles an allem eng 7.200 Better zielen. Wéi gesot sinn der dovunner nëmmen eng 60 fir e sougenannte "court séjour".
Dës Plaze sinn och fir eeler Leit do, déi nom Spidol sollen nees Heem kommen, respektiv och fir ze testen, ob dës Form vun Openthalt och iwwer länger Zäit kann offréiert ginn.
Um Site luxsenior.lu gëtt et eng Lëscht vun dëse Better, déi pro Struktur disponibel sinn. Plazen, déi natierlech extrem séier alleguer fort sinn. Duerfir sinn aktuell och Strukture geplangt, déi nach méi dëser Kuerzzäit-Better wäerten ubidden.
Dës Donnéeë liwwert d'Familljeministesch Corinne Cahen op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierten Asselborn-Bintz an Di Bartolomeo.