
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 98 positiv geteste Patienten. Dovu si 77 Persoune Residenten an 21 Non-Residenten. Zanter dem Ufank vun der Kris goufen am Grand-Duché 5.952 confirméiert Fäll gemellt. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 43 Joer.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 375.256 Tester gemaach. Vun den 8.928 Tester, déi den 22. Juli duerchgefouert goufen, waren der 98 positiv.
D'Altersmoyenne vun den 112 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.
Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 1.250 aktiv Infektioune ginn a 4.591 Persoune gëllen als geheelt.
Aktuell si 57 (-2) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 1 (-4) Patient ass aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 1.008 (+2) Mënschen d'Spidol nees verloossen.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,20. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.
