
Aktuell sinn 13 Persounen hospitaliséiert. Eng dovunner ass op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.289.869 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfungen si Boosteren: 136 waren ergänzend Dosen, wärend sech just 2 Leit fir eng éischt Impfung decidéiert hunn.
Bei 61 Persounen ass eng Re-Infektioun festgestallt ginn.
D’Reproduktiounszuel läit bei 0,93. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.