
Deene Froe gi mer dës ganz Woch an enger Serie no, an där mer mat verschiddene Leit geschwat hunn, déi sech zanter 2023 selbstänneg gemaach hunn.
“Ech hat ëmmer schonn am Hannerkapp, mech selbststänneg ze maachen”, seet d’Christine Thill, déi zanter dem 1. Januar vun dësem Joer Independant ass. No 20 Joer als Salariée war et bësse wéi Schicksal, datt si elo Yoga-Proff ass. D’Claudia Kollwelter war si am Kader vun eiser Serie iwwert Independanten an hire Studio besichen.
2010 huet d’Christine Thill eng Ausbildung gemaach, fir Yoga-Proff ze ginn. Wéi d’Firma, fir déi si 20 Joer laang geschafft huet, opkaaft ginn ass an d’Aarbechtskonditioune sech degradéiert hunn, huet si de Schratt gewot a bei sech Doheem e Raum amenagéiert, fir Coursen ze ginn. Mee net just:
“Ech maache Foussreflexzone-Massagen, Klangmassagen an alles, wat mech ëmmer schonn ugezunn huet. Ech hat och elo endlech d’Méiglechkeet, dat alles ze léieren, well ech Zäit hat.”
D’Christine Thill gëtt awer zou, datt d’Decisioun, sech selbststänneg ze maachen, och mat Bedenken an Ängschte verbonne war:
“Et weess ee jo och, datt ee manner verdéngt, et huet ee kee bezuelte Congé méi. Mee dat huet mech net ofgeschreckt. Ech hu mer eng Reserv zougeluecht, fir déi méi schwéier Zäiten an ech zéien dat elo duerch.”
Et bräicht natierlech Zäit, seng Clientèle opzebauen. D’Christine Thill gëtt sech dräi Joer:
“Wann et da wierklech nach ëmmer ganz enk ass, denken ech ëm, mee déi dräi Joer huelen ech mer.”
Ma virun allem déi ganz aner Liewensqualitéit wëll d’Yoga Proff net méi hierginn:
“Sue si wichteg, mee et ass net alles am Liewen. Ech schaffe vun heiheem aus, ech wunnen nieft menger Mamm, déi och méi al gëtt. Ech ka vill Zäit mat hir verbréngen, Mëttegiesse mat hir an dat ass wäertvoll Zäit.”
Aus der Sécherheet vum Salarié erausklammen, war net evident fir d’Christine Thill, ma si géif de Schratt awer nach eemol maachen.
Serie Independanten - Deel 1: Wéi vill Leit maache sech nach selbststänneg an a wéi enge Beräicher?
Serie Independanten - Deel 2: Zwee jonk Architekte lancéiere sech an e neie Projet
Serie Independanten - Deel 3: “Eemol selbststänneg, ëmmer selbststänneg”