Esch/BelvalVun der Schwéierindustrie zu engem fuschneie Wunnquartier

RTL Lëtzebuerg
120 Hektar grouss ass den neie Quartier Esch/Belval. Do, wou fréier d'Héichiewe gedämpt hunn, wunnen, schaffen a léieren elo Dausende vu Leit all Dag. 
Vun der Schwéierindustrie zu engem fuschneie Wunnquartier
20 Hektar grouss ass de neie Quartier Esch/Belval. Do, wou fréier d’Héichiewe gedämpt hunn, wunnen, schaffen a leieren elo Dausende vu Leit all Dag.

Am Summer 1997 war definitiv Schluss mat den Héichiewen op Esch/Belval. Den Uewe B war bis zum Schluss nach a Betrib. Den 31. Juli viru 27 Joer goung seng Ära op en Enn. 750 Schmelzaarbechter ware betraff. Tëscht 1970 an Enn 1997 huet den 90 Meter groussen Héichuewe B 20 Milliounen Tonne Stol produzéiert.

Wärend den Héichuewen C un d’Chinese verkaaft gouf, stinn den A an de B nach als Symbol fir eng längst vergaangen Zäit. Um Héichuewen A ginn hautdesdaags guidéiert Visitten organiséiert. Dat ganzt Joer iwwer kann een hei an d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Schwéierindustrie andauchen. Bis op 40 Meter Héicht kann een eropklammen. Et besteet och d’Méiglechkeet, bis ganz uewenaus op 82 Meter Héicht ze kraxelen.

Am Schnëtt hunn op der Arbed Esch/Belval eng 3.500 Leit hiert Brout verdéngt. Ëm 1970 hu souguer 7.000 Leit hei geschafft.

Zanter Ugangs den 2000er gëtt un engem fuschneie Quartier gebaut. Mat der Rockhal am September 2005 goung dat éischt neit Gebai um ale Site vun der Arbed op. D’Rockband “The Prodigy” sinn deemools als éischt Band opgetrueden. Zanterhier koumen eng Partie aner nei Gebaier derbäi. Ewéi d’Universitéit oder de “Luxembourg Learning Centre” an d’Bibliothéik vun der Uni.

Zur Bielesser Säit hin ass et méi de Wunnquartier mat enger Grondschoul, engem Lycée an engem Altersheem. Op Escher Säit fënnt ee virun allem vill Butteker an administrativ Gebaier. Aktuell gëtt nach um “Square Mile” geschafft. Bis 2028 soll dës Plaz fäerdeg amenagéiert sinn.

Vun all de fréieren Arbed-Frichen ass de Site Esch/Belval, deen éischten dee reamenagéiert gouf an eng nei Bestëmmung kritt huet. Mat der Rouder Lëns, Schëffleng an Diddeleng ginn et nach dräi Sitten, wou an Zukunft nei Wunnquartieren entstinn, do wou fréier Schmelzaarbechter hiert d’Brout verdéngt hunn.

Back to Top
CIM LOGO