Den Abrigado zielt aktuell ronn 100 Clienten den Dag. Si gi vun 63 Mataarbechter betreit. Iwwert d’Joren ass d’Zuel vun de Konsumente relativ stabil bliwwen. Wat awer changéiert huet ass d’Offer u Servicer, déi am Abrigado ugebuede ginn. Et hätt ee sech missen upassen, well haut aner Droge consomméiert gi wéi nach virun 10 Joer.
Laang huet den Abrigado un och engem Fraeprojet geschafft. Nach dëst Joer soll an der Stad eng Struktur opgoen, déi fir weiblech Konsumente reservéiert ass. Et soll eng kleng an iwwersichtlech Struktur sinn. Bis zu 15 Frae fannen hei Plaz. Den 1. Dezember soll de Service opgoen.