
Fir eng nei Petitioun ze deposéieren, brauch ee vun elo un och eng elektronesch Authentifikatioun, sief et vu Luxtrust, GouvID oder eIDAS. Fir ze ënnerschreiwen, kann een dat Mëttel och notzen, ma et ass awer just fakultativ. Et ass och méiglech, seng Petitioun a méi Sproochen z’iwwersetzen, fir méi Leit z’erreechen.
Se muss an enger vun den dräi administrative Sprooche vum Land, also Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch agereecht ginn, och eng Iwwersetzung an d’Englescht ass méiglech. Eng weider Ännerung ass, datt een d’Formulairen fir op Pabeier ze ënnerschreiwen, direkt um Site vun de Petitioune fënnt.
(15.05.2024) Ëffentlech Petitiounen: An Zukunft si méi Signatairë fir d’Debatt an der Chamber néideg