Luxith G.I.E. confirméiertVun nächster Woch un ass Schluss mat den CDen bei IRMen a Scanneren

David Winter
Bis ewell ware vill Leit gewinnt, dass se hir Biller aus dem IRM, awer och dem Scanner op eng CD gebrannt kruten. Dat ass elo eriwwer.
© Laurent Weber

Wéi de Christophe Nardin, Direkter vu Luxith, eis op Nofro hi confirméiert huet, hätte progressiv d’Spideeler opgehalen, Patienten CDen matzeginn. Dës Woch ass dann dat lescht Spidol am Land, dat ophale wäert, CDe mat de Resultater ze brennen, nodeems Patienten am IRM oder Scanner waren.

Vun nächster Woch u wäert een dann an all Spidol am Land d’Resultater op säin DSP, also de perséinlechen elektronesche Patientendossier, geschéckt kréien respektiv et kritt een en Ziedel mat engem QR-Code drop, iwwert deen een dann iwwert e Link u seng Donnéeë kënnt. Heizou ass awer eng Zwee-Schrëtt-Authentificatioun néideg.

De Grond, dass mat den CDen opgehale gëtt, léich dem Christophe Nardin no op der Hand. Op der enger Säit, huet praktesch kee Patient méi en CD-Lafwierk, fir un d’Informatiounen ze kommen an op der anerer Säit wieren d’Brenner fir d’CDen ze gravéieren extrem deier, heescht et weider. Hei géif et sech ëm speziell Brenner handelen, net déi, déi een aus dem Privatgebrauch nach kennt.

Back to Top
CIM LOGO