Caritas-Projet an der UkrainVun November u riskéiert wichteg Hëllef fir Kanner an der Ukrain ewechzefalen

Maxime Gillen
D'Caritas Lëtzebuerg hëlleft aktuell an der Ukrain Kanner a Familljen, déi vum Krich betraff sinn. D'Zukunft vun där Hëllef ass awer ongewëss.
© Privat

Obschonn d’Caritas Lëtzebuerg den Ament ofgewéckelt gëtt an déi international Projeten am Prinzip net virugefouert ginn, sinn der aktuell nach e puer amgaangen. Dorënner een zu Iwano-Frankiwsk am Weste vun der Ukrain. Hei kréie Kanner a Famillen, déi duerch de Krich deplacéiert goufen, humanitär Hëllef. Donieft ginn d’Kanner a véier Grondschoule psychosozial encadréiert, fir dës schwéier Situatioun besser z’iwwerstoen. Ënner anerem goufe “kannerfrëndlech Raim” amenagéiert, an deenen individuell mat de Kanner ka geschwat ginn oder och Gespréicher an der Grupp kënne gefouert ginn. Donieft ginn Atelieren a Workshoppen organiséiert, an deene kreativ mat de Kanner geschafft gëtt, fir datt si op aner Gedanke kommen a fir datt de Stress, an deem si sinn, e bësse kann ofgebaut ginn.

De Projet gëtt vun der lokaler Caritas organiséiert an iwwer d’Lëtzebuerger Caritas vum Staat finanzéiert. De Projet vu sechs Méint ass am Prinzip Enn Oktober eriwwer. Geet et de Leit an der Ukrain no misst en awer verlängert ginn, esou de Fränz Jacobs, deen aktuell fir d’Caritas Lëtzebuerg an der Ukrain ass.

“An de Gespréicher an deene véier Schoulen, wou ech war, ass ëmmer erëm ausgedréckt ginn, datt se hoffen, datt do nach eppes kann nokommen.” Hie géif der Äntwert e bëssen auswäichen a géif soen, hie misst kucken, wéi d’Gespréicher mat den Donateuren zu Lëtzebuerg weiderkommen, esou de Fränz Jacobs.

E (Beruffs-)Liewen fir d’Caritas

De Fränz Jacobs selwer ass elo 70 Joer al an huet quasi säi ganzt Beruffsliewe fir d’Caritas Lëtzebuerg geschafft. 2015 ass hien dunn zwar an d’Pensioun gaangen, ma zanterhier schafft hie benevole weider fir si. Konkret geet hie kucken, ob Projeten, déi vu Lëtzebuerg finanzéiert ginn, och effektiv esou lafen, wéi se sollen.

Hien hofft natierlech, datt een eng Solutioun fënnt, fir déi international Aktivitéite vun der Caritas Lëtzebuerg kënne virunzeféieren. Den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel hat jo e Mëttwoch uklénge gelooss, datt ee scho gewëllt wier, verschidde Projete weider ze finanzéieren. Natierlech brauch een dann nach eng Organisatioun, déi dat effektiv iwwerhëlt.

Eng Kierch ouni Caritas

De Fränz Jacobs, dee, wéi hie selwer seet, méi wéi 30 Joer laang säin Häerzblutt an d’Aarbecht bei der Caritas ginn huet, trëfft d’Opléise vun der Caritas schwéier. Hie wier immens traureg doriwwer, ma hie betount virun allem, wéi schlëmm et wier, wann déi Aarbecht, “déi wäertvoll ass, déi qualitativ héichwäerteg ass”, net kéint weidergefouert ginn.

Hien huet dann och eng decidéiert Meenung dozou, datt de Bistum hei am Land d’Caritas esou fale gelooss huet.

“Eng Kierch ouni Caritas ass keng Kierch”. D‘Kierch hätt 3 Pilieren an een dovu wier d’Caritas. Deemno kéint d’Kierch a sengen Aen nëmme richteg funktionéieren, wann et eng staark Caritas gëtt.

Back to Top
CIM LOGO