Du an d'EU-DeputéiertWa Kanner nogelauschtert gëtt

RTL Lëtzebuerg
Eng 80 Kanner vum Briddel, dem Houwald, Keel, Stroossen an Useldeng hu leschte Freideg de Klassesall géint d'EU-Parlament getosch.
Kanner op Visitt am EU-Parlament um Kierchbierg
Eng 80 Kanner vum Briddel, dem Houwald, Keel, Stroossen an Useldeng hu leschte Freideg de Klassesall géint d’EU-Parlament getosch.

Kader vum Projet “Du an d’EU-Deputéiert” konnte Schüler a Schülerinnen d’Lëtzebuerger EU-Deputéiert kenneléieren a mat hinnen zesummen iwwer hir Iddien a Wënsch diskutéieren. Organiséiert gouf dat Ganzt vum Zentrum fir politesch Bildung an Zesummenaarbecht mam Kannermusée Plomm an dem Europäesche Parlament. D’Zil ass et, de Kanner d’Demokratie méi no ze bréngen a mat hinnen iwwert Kannerrechter ze schwätzen.

“Och fir Kanner ass et wichteg, dass si vun Ufank u scho wëssen, wat ass iwwerhaapt eng Demokratie a wat sinn eis Rechter an der Demokratie? Ee grousst Recht an der Demokratie ass et, matzeschwätzen an, dass och si, och wann si nach keng 18 Joer hunn, nach kee Walrecht hunn, dass si och dierfen hir Stëmm hunn a sech dierfe bedeelegen u politeschen Themen. Och wann si nach Kanner sinn”, erkläert d’Claire Enders vum Service éducatif vum Zentrum fir politesch Bildung.

De Projet gëtt et zanter e puer Joer, déi Kéiere virdru sinn d’Schoulklassen an d’Chamber invitéiert ginn, fir mat den Deputéierten aus der Chamber ze schwätzen. Am Kader vun den Europawalen ass et dëst Joer an d’Parlament op de Kierchbierg gaangen.

Back to Top
CIM LOGO