Bannent engem Joer sinn déi duerchschnëttlech Delaie fir d’Analyse vu Biopsië vun zwanzeg op aacht Deeg erofgaangen.
Well d’Zäit, wärend där een op e Resultat waart, fir déi betraffe Patiente ganz belaaschtend ass, stellt dat fir si eng Erliichterung duer. Wat een éischter e Resultat huet, wat een iwwerdeems éischter mat engem méiglechen Traitement kann ufänken.
Virun engem Joer nach waren dräi Woche Waardezäit op e Resultat d’Reegel. Fir déi Retarden opzeschaffen, goufen Iwwerstonne gemaach. Zudeem goufen awer och déi eenzel Prozeduren op de Leescht geholl. No enger Ëmstrukturéierung sinn d’Waardezäiten zolidd erofgaangen. Aacht Deeg ass elo den Duerchschnëtt, d’Zil wier et awer, fir op véier bis fënnef Deeg ze kommen.
E weidere Problem, dee sech awer stellt, ass, datt d’Zuel vun Echantillone weider an d’Luucht geet. Zejoert war et eng Hausse vu 15 Prozent. Et kënnt een net derlaanscht, fir en Deel vun der Aarbecht u privat Laboen am Ausland ze schécken.
Nieft de 400 Biopsien analyséiert den LNS och all Dag eng 600 Ofstréch, déi gréisstendeels d’Gynekologen eraschécken. Hei goufen et an der Vergaangenheet awer keng Problemer bei den Delaien. D’Waardezäite leien hei bei dräi bis véier Deeg.