No Verknaschtung mat BakterienWaasser zu Hueschtert a Folscht ka rëm consomméiert ginn

RTL Lëtzebuerg
No enger Kontaminatioun mat Coliforme-Bakterien huet d'Gemeng Rammerech de Waasserbehälter gebotzt, sou datt d'Qualitéit rëm den Normen entsprécht.
© Pixabay

Nodeems d’Gemeng Rammerech matgedeelt hat, datt d’Drénkwaasser zu Hueschtert an zu Folscht duerch eng Bakterie aus der Famill vun de Coliformen verknascht wier, huet een déi néideg Prozedure geholl, fir d’Waasser nees propper ze kréien. Ënnert anerem gouf d’Waasser chloréiert, de Reseau gespullt an de Behälter grëndlech gebotzt a rëm gefëllt, wéi et an engem Schreiwes vun e Freideg heescht.

Nei Analyse vum 18. September hunn erginn, datt d’Waasserqualitéit elo rëm den Normen entsprécht. D’Gemeng deelt dowéinst mat, datt d’Waasser nees ouni Bedenke ka consomméiert ginn. Dat wier vun der Unité eaux souterraines et eaux potables vun der Waasserverwaltung confirméiert ginn.

PDF: Dat ganzt Schreiwes vun der Gemeng Rammerech fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO