Aus dem PolicebulletinWäertgéigestänn aus Autoe geklaut, Waff an Droge bei Verkéierskontroll saiséiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg hat d'Police Déifställ aus Autoe gemellt kritt, wéi och eng Schosswaff an illegal Substanze bei engem Automobilist fonnt.

An der Route de Luxembourg zu Konsdref gouf am Nomëtten en Auto opgebrach an duerchwullt, woubäi Handwierksgeschier geklaut gouf. E weideren Abroch an en Auto gouf et dann um Boulevard de la Pétrusse an der Stad. Hei gouf eng Posch geklaut.

A béide Fäll gouf eng Enquête lancéiert. D’Police gëtt an deem Kontext och nach emol eng Rei präventiv Rotschléi mat op de Wee, fir sech géint Abréch an Autoen ze schützen.

Dës kënnt Dir hei noliesen.

En Dënschdegowend huet d’Police dunn e Gefier an der Rue de Trèves um Cents an der Stad gestoppt, dat mat immens héijer Vitess ënnerwee war. Am Auto hat et no Cannabis gericht, ee vun de Matfuerer hat de Beamte géigeniwwer och zouginn, datt hien Haschisch consomméiert hat. Nieft Droge gouf bei him och eng gréisser Zomm Boergeld fonnt.

Wéi d’Beamten dunn déi aner Passagéier opgefuerdert hunn, aus dem Auto erauszeklammen, huet de Chauffer no enger Schosswaff gegraff, versicht sech duerch d’Bascht ze maachen an d’Waff ënnerwee an eng Hecke geheit. Hie konnt awer vun der Police gestallt an d’Waff séchergestallt ginn. Op Uerder vum Parquet goufen d’Wunnenge vun dräi vun de Matfuerer duerchsicht, woubäi Drogegeschier an en Elektroschocker saiséiert gouf. Géint de Chauffer, wéi och zwee Matfuerer si Plainten deposéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO