Néckel Polfer a Mario Dichter vereedegtWäiswampech huet een neie Buergermeeschter a Schäfferot

RTL Lëtzebuerg
De Claude Daman ass den 3. September als Buergermeeschter zeréckgetrueden. De Gemengerot huet een neie Buergermeeschter a Schäfferot designéiert.
© RTL-Archiv

Den 1. Oktober gouf den Néckel Polfer vum Gemengerot an enger geheimer Ofstëmmung eestëmmeg zum neie Buergermeeschter gewielt. Géigekandidature gouf et keng, heescht et am Communiqué vun der Gemeng Wäiswampech. Éischte Schäffe bleift de Mike Hahn, wärend de Mario Dichter Zweete Schäffe gëtt. De Claude Daman huet an der Gemengerotssëtzung excuséiert gefeelt.

Den Néckel Polfer an de Mario Dichter sinn e Mëttwoch vereedegt ginn a wäerte mat hirer Aarbecht ufänke kënnen.

De Claude Daman hat säin Amt als Buergermeeschter opginn, well hie Schwieregkeeten domat hat, säi Mandat, säi Beruff a säi Privatliewen ënnert een Hutt ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO