D'Gemeng wiisstWäiswampech soll eng nei Apdikt kréien

Roy Grotz
Nieft dem Beruff vum Apdikter evoluéiert och d'Zuel vun de Plazen, wou Medikamenter verkaaft ginn. Et kënnt eng Apdikt bei déi ronn 100 am Land bäi.
© RTL-Archiv

Am Éislek, méi genee an der Gemeng Wäiswampech, mécht dës nei Apdikt hir Dieren op. Dëst confirméiert d’Gesondheetsministesch Martine Deprez am DP-Norddeputéierten André Bauler an enger parlamentarescher Äntwert.

Well et vill Dokteschcabineten an der Gemeng Wampech ginn, a wëll ëmmer méi Leit an d’Gemeng un der Nordspëtzt wunne kommen, géif sech dës nei Konzessioun justifiéieren, sou d’CSV-Ministesch.

D’Konzessioun gëtt lo mol ausgeschriwwen. D’Kandidate kënne sech mellen, sou datt nach keen Delai fir déi nei Apdikt an der Gemeng Wampech ka genannt ginn. Wat dëst fir d’Horairë vun de Gardë vun den Apdikten am Éislek bedeit, kann d’Ministesch net soen. Dëst ass d’Charge vum Apdiktesch-Syndikat.

Back to Top
CIM LOGO