De Joe Thein vun Déi Konservativ am Interview"Walresultat ass natierlech en Ausgangspunkt a keen Ennpunkt"

RTL Lëtzebuerg
De Spëtzekandidat vun Déi Konservativ war Invité am Kader vun den Europawalen am Format "5 Froen un".
De Joe Thein vun déi Konservativ am Interview
De Spëtzekandidat vun Déi Konservativ war Invité am Kader vun den Europawalen am Format “5 Froen un”.

“Eng systematesch Integralreform vun der Europäescher Unioun”

Well seng Partei géint d’EU an där aktueller Form wier, ass de Joe Thein gefrot ginn, wat déi Konservativ géingen änneren. “Jo, mir brauchen eng systematesch Integralreform vun der Europäescher Unioun, well et muss ee wëssen, et gëtt oft den Dilemma, dass engersäits EU mat Europa gläichgestallt gëtt. An dat ass net de Fall, well wa mer vun Europa schwätzen, da schwätze mer vum geographeschen Espace, vum Kontinent an déi politesch Decisioun, dat ass dann éischter d’Fro vun der Direktioun vun der Europäescher Unioun. Do soe mir, den Nationalstaat muss en Avance gesat ginn, dee muss erëm an de Mëttelpunkt gestallt ginn an eng Politik gemaach ginn, déi och demokratesch ass, eng Politik, déi onbürokratesch ass, eng Politik, déi méiglechst no um Bierger ass.”

D’Méiglechkeet vun enger “eurasescher Zesummenaarbecht”

De Spëtzekandidat vun Déi Konservativ ass a puncto Ukrainkrich géint Sanktiounen a fir eng “gesond Diplomatie mat Russland”. “Ech mengen, mat Krich gewënnt een absolutt keng Diplomatie. Diplomatie geet eebe justement iwwert den Dialog, a wa mer wëllen e Fortschrëtt maache fir d’europäesch Friddenspolitik, well mir sinn 100% Friddenspartei, da musse mer un e Verhandlungsdësch mat den Natioune kommen, inklusiv Russland. An um Enn och vun deem Prozess, da muss Russland och kënne matagebonnen an integréiert ginn an eng Friddensarchitektur, eebe justement fir dass um Enn vum Prozess vläicht eng eurasescht Zesummenaarbecht méiglech ass an esou och eng Vëlkerverstännegung an enger Friddenspartei géif ginn. Natierlech no bausse gi gëtt.”

“Ënnerscheeden tëscht echtem Naturschutz an ideologesch geleeter Klimapolitik”

Och bei de Konservativen huet een eng Meenung a Saachen Klima an Energiepolitik. “Eis Partei steet fir e gesonden Energiemix. Dat heescht, mat Atomkraaft. Mat modernen Atomkraaftwierker effektiv, mee awer och mat de fossillen Energieträger, mat der erneierbarer Energie, ech mengen et ass en Zesummespill vun allen Energieformen, well et muss ee jo awer soen, déi erneierbar Energie ass eebe bis haut nach net apte, fir kënnen eng Energietransitioun ze maachen, soudass mer deen ale Wee verloossen an et ass wichteg, dass mer duerfir och un engem Auto an engem Verbrennungsmotor festhalen. Well ech gesinn de Moment keng Alternativ. D’Alternativ kéint awer sinn, dass mer d’ Erfuerschung an de Waasserstoff virun dreiwen, an dass mer kucken, wou kann erneierbar Energie eng Zousazoptioun sinn, fir eeben d’ Politik ze ergänzen, mee net just.”

“Walresultat ass natierlech en Ausgangspunkt a keen Ennpunkt”

D’Walresultat bei de leschten Europawale war 0,50% vun de Stëmmen, bei de leschte Chamberwalen war et ee Véierelsprozent. De Joe Thein iwwer d’Ambitioune vu senger Partei: Well mir eebe justement gesinn, dass national Interessen net méi wouer geholl ginn, dass Politiker hire Lien och zum Land verléieren an zu de Bierger. An dofir hu mir gesot, mir stellen eis där Challenge ganz positiv an optimistesch, fir de Message no virzebrénge vun eiser Politik, well eis Politik orientéiert sech a 50 Säite Wahlprogramm un de Bierger an un der Muecht vum Nationalstaat. An et ass eebe schued, dass och eise Walprogramm net esou rezitéiert gouf an der Press, well effektiv op 50 Säite stelle mer duer, wéi eise Plang fir eng Europavisioun géif ausgesinn.”

LINK: All d’Episode vum “5 Froen un” fannt Dir um RTL Play

Back to Top
CIM LOGO