Den Ali Ruckert vun der KPL am Interview"Wann déi Lobbyisten do net ewechkommen, dann ass mat där EU näischt ze maachen"

Olivier Treinen
De Spëtzekandidat vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg war Invité am Kader vun den Europawalen am Format "5 Froen un".
Den Ali Ruckert vun der KPL am Interview
De Spëtzekandidat vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg war Invité am Kader vun den Europawalen am Format “5 Froen un”.

Zu Bréissel géingen iwwer 12 .000 Lobbyisten sëtzen, sou den Ali Ruckert op d’Fro, ob een eng EU a sengen Aen nach reforméiere kann: “Dat si Vertrieder vu Banken a grousse Konzernen. Déi setzen do hir Interessen duerch, wann do Gesetzer gemaach ginn oder Veruerdnunge kommen. A wann dat net geännert gëtt, dat heescht dofir soe mir, mat där Unioun do ass näischt ze maachen, wann déi net do ewechkommen, wann net do Leit dohinner kommen, déi wierklech d’ Interesse vu se schaffende Leit vertrieden, dann ass mat där Unioun do näischt ze maachen.

D’KPL fuerdert ee méi héije Mindestloun, méi Mindestrent, eng 35 Stonnen-Woch bei vollem Lounausgleich. Wéi dat soll finanzéiert ginn, huet den Ali Ruckert esou erkläert: “Majo zu Lëtzebuerg bezuelen d’Banken an déi grouss Betriber ëmmer manner Steieren. D’Kapitalsteiere ginn ëmmer méi erof. Mir sinn der Meenung, dass déi musse gehéicht ginn. D’Ausbeutung zu Lëtzebuerg ass méi grouss, wéi dat am Ausland bei Betriber de Fall ass. An do gëtt et vill Polsteren, do gëtt Milliarde Beneficer gemaach, besonnesch bei de Banken. A mir sinn der Meenung, déi mussen ëmverdeelt ginn am Interessen eebe vun de schaffende Leit, fir eng bessert Gesondheetswiesen, e bessert Bildungswiesen, am soziale Beräich d’Erhéijung vum Mindestloun a vun der Mindestrent. Voilà.”

Bréissel wier Schold, datt rietsextreem Parteie an Europa méi staark géinge ginn, sou de KPL-Spëtzekandidat, deen dat un enger joerzéngtelaanger Politik vun der Austeritéit festmécht: “Et ass eng Politik vu Liberaliséierung, Privatiséierung, dass et de Leit méi schlecht geet. A wann et de Leit méi schlecht geet, da siche se no Léisungen. An da sinn déi Ratefänger vu riets, déi sinn do, déi da ganz einfach Léisungen hunn, déi awer net funktionéieren, mee wou d’Leit awer dann drop erafalen. An dofir soe mir all déi Leit, all déi Parteien do, déi mordikus déi Europäesch Unioun vum Sozialofbau a vun der Oprüstung verdeedegen, dass déi mat dru schold sinn, wann et eng Rietsentwécklung hei an der Europäescher Unioun gëtt.”

D’KPL ass géint déi militäresch Oprëschtung an der EU. Och misst een am Ukrainkrich un de Verhandlungsdësch: “Mir hätte gär, dass eng gutt Bezéiung mat alle Länner méiglech ass. A wéi gesot, mir hätte gär, dass Verhandlunge gefouert ginn, dass Diplomatie an de Vierdergrond gestallt gëtt an net Oprüstung. Et ass net esou, wann ee méi Waffe geliwwert huet, dass et da méi Fridde ginn ass. Mä et ass méi Krich ginn. A mir fäerten do, dass do verschidde Leit wëlle wierklech nach méi ee grousse Krich hunn, wéi dat de Moment de Fall ass. An dofir si mir der Meenung als Kommunisten, dass ee sech muss dergéint wieren. Mir net eleng. Och muss eng Friddensbeweegung kommen, fir dat ze verhënneren.”

LINK: All d’Episode vum “5 Froen un” fannt Dir um RTL Play

Back to Top
CIM LOGO