Personaldelegatioun schléit AlarmWann d'Situatioun beim TICE sech net verbessert, kënnt et deemnächst zum Streik

RTL Lëtzebuerg
Spéitstens zanterdeem den Departement Mobilité et Circulation en neie Chef huet, soll et beim TICE rumoueren.
© RTL

Wéi d’Personaldelegatioun vum Syndicat vum ëffentlechen Transport am Kanton Esch-Uelzecht an engem Schreiwes matdeelt, géif den Drock op d’Personal, zanterdeem den Departement Mobilité et Circulation en neie Chef huet, stänneg erhéicht. Et géif versicht, ëmmer méi Faarten ze installéieren. Gutt Aarbechtskonditioune géife scho laang keng Roll méi spillen, d’Virschrëfte géifen ëmmer méi restriktiv ginn an et géif u Fangerspëtzegefill am Ëmgang mam Personal feelen.

Et hätt een d’Planifikatioun, déi fir d’Verdeelung vun den Déngschter zoustänneg ass, gewarnt, dass d’Limitte scho längst erreecht wieren. Ma et wier net op d’Leit um Terrain gelauschtert ginn. Elo hätt d’Personal d’Flemm, schaffen ze goen, et géife permanent Faarten ausfalen an et géif zu massive Retarde kommen.

Op d’Fro zu wéi vill Ausfäll an Iwwerstonnen et zanter dem 24. Juni koum, géif een zanter Woche keng Äntwert kréien. Eng eegen Ëmfro beim Personal wier säitens der Direktioun torpedéiert ginn. Béides wiere kloer Zeechen dofir, dass de Probleem soll verheemlecht ginn.

Mat der neier Féierung vum TICE wier et net méiglech, Probleemer am Dialog ze klären. D’Excuse, dass d’Verhandlunge vun der neier Konventioun Prioritéit hätten, géing een net méi gëlle loossen. D’Féierung géif vun der Situatioun profitéieren, fir op Käschte vum Personal eng méi restriktiv Route duerchzeboxen.

Wa sech net direkt eppes un der aktueller Situatioun beim TICE ännere géif, géif et deemnächst zu engem Streik kommen, sou d’Personalvertriedung.

Back to Top
CIM LOGO