An anere Wierder: Den Auto iwwerdréit automatesch eng Rei Informatiounen, dat nach ier éischt Zeien oder Leit am Gefier selwer Zäit kréien, den 112 ze alertéieren.
“Do gëtt et och eng Base legale: Dat heescht mir kréien engersäits d’Chassisnummer vum Auto. Mir kréie gesot, wéi en Typ vun Auto et ass, e klassesche Verbrenner, en hybriden Elektroauto. Mir kréien déi dräi lescht an déi aktuell GPS-Positioun, dat heescht mir gesi genau, wou d’Accident geschitt ass. An och interessant fir eis: mir kréien d’Unzuel vun de Leit am Auto duerch d’Detektioun an de Sëtzer matgedeelt. Dat heescht mir hu ganz vill Donnéeën am Kader vun enger Ausléisung vum E-Call”, esou de Chef de Département de la Conduite Opérationnelle beim CGDIS, Christopher Schuh.
Den E-Call kann och manuell ausgeléist ginn, andeems een den SOS-Knäppchen uewen am Daachhimmel dréckt. Jee no Constructeur kënnt een dann direkt beim 112 selwer, oder och dacks an engem Call-Center vum Autosconstructeur eraus.
An onsem Test huet fir d’éischt e Mann an engem Call-Center zu Bréissel geäntwert. Vu Bréissel gëtt onsen Noutruff da weider bei den 112 op Lëtzebuerg geleet. Op déi Manéier gëtt en éischten Tri gemaach. Esou belaaschten net falsch Alarmen d’Operateuren hei zu Lëtzebuerg, déi generell all Dag eng 800 Noutriff beäntweren.
“Jo, do ginn et falsch Alarmen, och wéi mat aneren Technologien. Och vu Smartphonen aus kann ee sech verdrécken an iertemlecherweis den 112 ruffen. D’nämmlecht beim E-Call. Do ass eis Consigne, erschreckt net, bleift einfach um Telefon, bis um 112 een ophieft a sot: “Lauschtert, deet mer leed, ech si widderkomm, ech hunn eng falsch Manipulatioun gemaach, et ass näischt geschitt”. Dat ass dat Einfachst, well wann ee séier anhänkt oder probéiert ewechzedrécken, dat ass net esou gutt. Dann hu mer eeben net d’Info direkt, dass et e Falschalarm ass.”
Grad wéi beim Auto gëtt och de moderne Smartphone am Fall vun engem Noutruff iwwer den Advanced Mobile Location System geolokaliséiert. Dat hëlleft zum Beispill, wann eng Persoun en Accident am Bësch huet. Wat vill Leit net wëssen: och de Smartphone ka vum selwen en Noutruff ausléisen.
De Christopher Schuh vum CGDIS: “Den Handy erkennt op Basis vun engem Algorithmus, dass en Accident, e Crash eebe war. An da geet den Handy an dee Modus. Et leeft eng Auer hannert sech, a wann een dann net ofbrécht, da rifft den Handy automatesch iwwert d’Fräispriechanlag den 112 un a schéckt och rëm d’Standuertdonnéeë mat, an esou kéinten dann och potenziell Liewe gerett ginn.”
Technologien, déi konstant evoluéieren an un déi ee sech och beim CGDIS upasst. Um Enn bleift et awer dobäi, datt d’Operateuren am léifsten e Mënsch op der anerer Säit vum Telefon hunn, fir mat präzise Froen eng Noutlag aschätzen ze kënnen.