D’Stroumrechnunge klammen. Dat dierft deene meeschten iwwert déi lescht Wochen opgefall sinn. Wärend et bei deene meeschten 30 bis 60 Prozent méi sinn, begéine mer enger Famill vun Dippech, déi am Februar eng Rechnung vu 4.000 Euro heemgeschéckt krut.
Net schlecht gestaunt huet de Philippe Meyers wéi en Ugangs Februar an d’Bréifboîte gaangen ass a seng éischt Stroumrechnung vum Joer opgemaach huet. Aplaz vum gewinnten dräistellege Beräich de Schock: 4.000 Euro.
“Ech hunn am Ufank direkt emol geduecht, datt et en Irrtum ass”, esou de Familljepapp vu véier Kanner. “Do hunn ech da mol bei mäi Stroum-Fournisseur ugeruff fir ze froen, wéi dee Montant zustane kënnt. Do hunn ech da lues a lues erausfonnt, datt wann een iwwert engem gewëssene Verbrauch ass, datt een dann alles muss zeréckbezuelen, wat u Stroumdéckel an deem Joer ugefall ass.”
Mee vu vir: 2023 huet d’Famill de Schrëtt an déi energeetesch Transitioun gewot. Déi al Gasheizung aus dem Albau gëtt duerch eng Wäermepompel ersat. Am Garage steet een Elektroauto, dee vill Kilometere mécht. Déi logesch Konsequenz: d’Stroumrechnung klëmmt. “Wann ee virdrun 3.500 Liter Masutt hat oder en Equivalent am Gas, dann ass een ëmgerechent bei ongeféier 14.000 kW/h Stroumverbrauch mat enger Wärmepompel. Dann en Elektroauto mat engem Verbrauch vu 4.000 kW/h d’Joer,” esou d’Rechnung vum Dippecher. “Dann ass déi Limitt beemol séier erreecht.”
De Verbrauch vun der Famill klëmmt ob iwwer 25.000 kW//h d’Joer. Bei engem traditionellen Haus sinn et 3.000 bis 6.000. De Stot rutscht wéinst sengem Verbrauch an eng nei Verbraucher-Kategorie. An zwar an eng, wou sech och Entreprisen erëmfannen. D’Konsequenz: et huet ee kee Recht méi op den Energie-Präisdeckel. Dee gouf awer bei all Rechnung fir 2024 ofgezunn. Well d’Limitt awer Enn dës Jores onwëssentlech iwwerschratt gouf, muss elo alles rembourséiert a souguer an e Kompensatiounsfong abezuelt ginn. “De Problem ass dann, datt een ob den éischte 25.000 kW/h guer näischt kritt. Dat heescht, do kritt een eigentlech guer kee Subsid méi, wou dann aner Leit déi weider fossil Energie verbrauchen, den Deckel viru kréien a quasi weider ‘belount ginn’.”
Wéi soll een als Konsument nach den Iwwerbléck behalen? Esou d’Kritik géintiwwer der CSV-DP-Regierung vun der gréisster Oppositiounspartei LSAP e Mëttwoch virun der versammelter Press. Fir d’Motivatioun fir d’Transitioun héichzehalen, misst investéiert, net agespuert ginn, esou den Deputéierte Georges Engel: “Mir ginn iech elo manner fir Photovoltaikanlagen. Mir ginn Iech manner fir Ären elektreschen Auto. Dir musst elo méi bezuelen, wann Dir Ären Auto am Public bei enger elektrescher Born opluet. Är Stroumrechnung geet elo weider an d’Luucht. Dat si géigesätzlech Messagen.”
Virun allem negativ Messagen, fënnt och de Philippe Meyers. Hien ass och Lokalpolitiker zu Dippech bei der LSAP. Iwwert déi lescht Joren hätt een ëmmer nees probéiert, d’Leit fir d’Transitioun ze motivéieren: “Evidenterweis probéiert een dann och selwer e bësse Virbild ze sinn. Vläicht puer Weeër ofzegoen, fir de Leit ze weisen, datt et de richtege Wee ass. Mee wann een dann do ukënnt, wou een elo ass, dann ass et vläicht gutt, datt nach net jiddereen hei matgemaach huet. An datt d’Leit gesinn, datt een hei och e bësse méi virsiichteg muss sinn. Et ass wierklech bedauerlech.”
D’Famill spuert all Mount Suen duerch d’Transitioun op elektresch. Wéinst dem Verbrauch vun der Wäermepompel manner. Mee éischter beim Opluede vum E-Auto an der eegener Garage. Ma d’Motivatioun, fir de Schrëtt an déi komplett Elektrifizéierung ze woen, géif dramatesch erofgoen a wier an dëser Envergure net onbedéngt ze recommandéieren. De Stroumverbrauch wéi zu Dippech dokumentéiert, ass éischter d’Ausnam. An awer klëmmt de generelle Stroumverbrauch vun de Stéit zu Lëtzebuerg och weider iwwert déi nächst Joren. Besonnesch duerch déi energeetesch Transitioun.