
Eng Foto vun der Fouer, mat enger Persoun an engem T-Shirt mat Lien zur rietsextremer Zeen huet an de soziale Medien d’Ronn gemaach. Nodeems dës Foto vu Politiker a Journalisten opgegraff a kommentéiert gouf, ass eng gréisser Polemik iwwer d’Thema Rietsextremismus entstanen. Duerch déi eng Persoun mam “Kampf der Nibelungen"-T-Shirt ass een dovun ausgaangen, dass de ganze Grupp, deen op der Foto ze gesinn ass, rietsextrem wier. Doropshin ass eng Plainte wéinst Diffaméierung gemaach ginn.
De Chris Meisch huet ee Bléck op déi rietsextrem Zeen a Lëtzebuerg geheit.
Um T-Shirt vun engem jonke Mann war “Kampf der Nibelungen” ze liesen. Heibäi handelt et sech ëm dat gréissten neo-nazistesch Kampfsportsevenement an Europa. Nieft dem Mann, Membere vum M-Block, e Grupp vu Futtball-Supportere vun der Lëtzebuerger Nationalekipp. Och si goufen als Rietsextremer oder Neonazie vernannt. De President vum M-Block, Bob Gebele, betount, dass si sech distanzéieren.
“Den M-Block ass wéi gewosst “d’Tribune populaire”, dat heescht bei eis ass jidderee wëllkomm, egal wat fir eng Nationalitéit, egal wéi grouss en ass, egal op Männlein oder Weiblein, dat ass eis ganz egal. Den M-Block ass a bleift onpolitesch, bei eis spillt d’Politik absolut keng Roll. Mir haten eng Frëndschaft mat engem Schwäizer Veräin, déi sinn antifaschistesch, mir stinn nach ëmmer mat deenen am Kontakt. Respektiv mir maachen och Frëndschaftsmatcher géint aner Futtballfans vun Nationalekippen. Den eenzege Radikalismus, dee mir hunn, dat ass de Futtballradikalismus. Ech verstinn, dass d’Leit géint Riets sinn, ech mengen dat sinn ech och. Wat een awer elo net ka maachen, dat ass alleguerten d’Leit an eng Spart geheien, respektiv et kann een de Leit net an de Kapp kucken, et weess een net, wat d’Leit denken, wéi se denken. Voilà, dofir ass et och ëmmer schwiereg fir dann direkt do ze soen, hei dat doen ass elo ee Rietsen, dat do ass ee Lénksen.”
D’Symbolik, mat där ee versicht, verstoppte Messagen ze verbreeden, spillt beim Rietsextremismus eng wichteg Roll, sou de Luxemburgistik Student Christophe Froehling, dee sech mat der Rietsextremer Zeen beschäftegt.
“Iwwert den T-Shirt, dee mir do gesinn, den “Kampf der Nibelungen”, dat ass konkret dat, wat si sichen, et ass nämlech eng Kampfsportveranstaltung gewiescht an der Zäit, déi versicht huet, sech eben ënnerteneen ze vernetzen, souwuel eben an Däitschland, wéi och op internationalem Niveau. Sou T-Shirte sinn dacks fir vill Leit net wierklech offensichtlech, dat heescht se hannerfroen effektiv net wierklech, wat sech dohannert verstoppt. Dat heescht et gëtt eng Rei riets Moude-Labelen, déi dat wierklech och versichen, mat hire Messagen hir Produite sou no wéi méiglech un der Grenz vum erlaabten ze krazen, fir eben déi Ideologie als “hip” an “trendy” ze verkafen.”
Duerch Multikulturalitéit an eisem Land wier ee vun den traditionelle rietsextremen Approchen e bësse geschützt. De Christophe Froehling gesäit de Problem vill méi beim Rietspopulismus.
”...an dat gesi mir eben iwwert zum Beispill de Wee 2050, mir gesinn et an der Parteielandschaft och zu Lëtzebuerg, dass sech dat ëmmer méi etabléiert. Déi nei Medie spillen do eng ganz grouss Roll, a virun allem ass et ebe wichteg elo och grad am Kader vun de Chamberwalen, déi elo geschwënn ustinn, sech och mol Gedanken driwwer ze maachen, wat fir eng Message ginn do weider. Dat heescht obschonn et villäicht Randerscheinunge sinn, och zu Lëtzebuerg, wier et besser sou Beweegungen op alle Fall am A ze behalen, well sou Leit hunn eben e laangen Otem an hunn och eben all Interêt, fir sämtlech Chancen ze gräifen, déi sech bidden, fir sech anzebréngen.”
Och a Lëtzebuerg géifen et rietsextremistesch respektiv rietspopulistesch Parole ginn, wéi zum Beispill “Lëtzebuerg, de Lëtzebuerger”. Mat Bléck op d’Chamberwalen, wëll de Christophe Froehling dorop opmierksam maachen, net alles fir Bor Mënz ze huelen, wat Politiker am Walkampf soen an Decisiounen net aus dem Bauch eraus ze treffen.