Festprogramm wärend véier DeegWat ass fir den 80. Joresdag vun der Befreiung vu Veianen geplangt?

Marc Hoscheid
Schonn den 12. Februar 1945 war mat Veianen déi lescht Lëtzebuerger Uertschaft vun der Nazi-Occupatioun befreit ginn.
Véier Deeg Festprogramm fir 80. Joresdag vun der Befreiung vu Veianen
Iwwer 4 Deeg gëtt dëst Joer d’Befreiung vu Veianen gefeiert. Mat engem Virtrag iwwer d’Veianer Miliz goung et lass.

80. Joresdag vun der Befreiung vu Veianen / Reportage: Marc Hoscheid

Mat der Kapitulatioun vun Nazi-Däitschland den 8. Mee 1945 war den Zweete Weltkrich an Europa eriwwer. Ma schonn den 12. Februar war mat Veianen déi leschte Lëtzebuerger Uertschaft befreit ginn. 80 Joer méi spéit erënnert d’Ourstiedchen un dat Evenement. Vun e Mëttwoch un an nach bis e Sonndeg inclus gëtt ee ganz breet gefächerte Programm organiséiert. Dobäi gëtt och ee méi däischtert Kapitel ronderëm déi Veianer Miliz ugeschwat.

Am Fong haten d’Lëtzebuerger bei der Befreiung duerch d’Amerikaner am September 1944 geduecht, déi däitsch Besatzung wier fir ëmmer eriwwer. Ma de 16. Dezember goufen den Osten an den Norde vum Grand-Duché am Kader vun der Ardennenoffensiv nees vun der Wehrmacht iwwerrannt. Enn Januar 1945 war d’Offensiv am Fong definitiv gescheitert, ma et sollt bis den 12. Februar daueren, bis mat Veianen déi lescht Lëtzebuerger Uertschaft befreit gouf.

Grande-Duchesse Charlotte freet no Veianen

Hei haten déi Däitsch nach ee klenge Couloir opgehalen, fir et deene leschten Unitéiten ze erlaben, sech iwwer d’Our zeréckzezéien. Dowéinst hu si sech dann och net einfach esou zeréckgezunn, mee Widderstand geleescht. Beim Kampf ëm Veianen hunn dann och 11 amerikanesch Zaldoten hiert Liewe verluer. An och d’Stad war haart getraff ginn, wéi de fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée Roland Gaul bei der Presentatioun vum Festprogramm mat Hëllef vun enger Anekdot verdäitlecht huet.

“D’Grande-Duchesse Charlotte, déi hir Léift natierlech och u Veianen hat, déi huet sech du schonn erkënnegt, majo wéi gesäit et am Land hei aus, ech héiere sou vill, et ass sou vill futti a sou virun, wéi ass et zu Veianen? De Buergermeeschter Wolff huet hier du geschriwwen: Madame, toute la ville est en ruines, mais les ruines sont intactes.”

© Marc Hoscheid

D’Veianer Miliz huet Zivilisten ëmbruecht

Mat den intakte Ruine war iwwregens d’Veianer Schlass gemengt. Eppes, wat Veianen vun deene meeschten aneren Uertschaften ënnerscheet huet, war d’Miliz. Eng Grupp vu Fräiwëllegen, déi gréisstendeels aus dem Veianer Eck koumen an un der Säit vun den Alliéierte géint déi Däitsch gekämpft hunn. D’Grupp ronderëm de spéidere Buergermeeschter, Chamber- an Europadeputéierte Vic Abens gouf nom Krich ganz positiv duergestallt. Ma de Lokalhistoriker Marcel Scheidweiler wäert den Owend an engem Virtrag um Veianer Schlass ee méi däischtert Kapitel ënnert d’Lupp huelen. Hie stäipt sech dobäi ënnert anerem op Aussoen, déi an engem Buch stinn, dat viru gutt 10 Joer vun de Veianer Geschichtsfrënn erausbruecht gouf.

“Do ass eng däitsch Madamm, Josefine Daleiden, déi erzielt, wéi hir Schwëster, Anna Daleiden, vun der Miliz erschoss gouf, eng zivil Madamm also. An deem selwechte Buch steet dann och, datt och ee Mann vun der Miliz erschoss gouf. Déi Saachen, déi do wierklech och geschitt sinn, déi awer leider net wierklech festgehale goufen an och opgeschafft goufen, déi géif ech natierlech och a Sprooch an a Bild duerstellen.”

© Marc Hoscheid

Kanoun op der Plank opgestallt

De Virtrag ass den Ufank vun de Festivitéiten, déi nach bis e Sonndeg mat dauere wäerten. An deem Kader gouf op der Plank iwwert Veianen, beim Monument fir déi 11 gefalen amerikanesch Zaldoten, eng al Kanoun opgeriicht. De Veianer Buergermeeschter François Weyrich erkläert:

“D’Plank ass eng historesch Plaz, do gouf geschoss, op déi aner Säit eriwwer, wou lo de Sanatorium ass, wou deemools déi däitsch Stellung war. Do gouf Hin an Hier geschoss, et war net déi dote Kanoun, et war eng änlech. Sou wéi d’Kanoun geriicht ass, déi weist hoergenee op déi Plaz. Dat huet scho bëssi authentesche Wäert. Et ass net esou, datt mir do just Kamelle-Butteker wëlle maachen.”

Den Héichpunkt vun de Feierlechkeete wäert de Weekend sinn. E Samschdeg an e Sonndeg wäerte queesch uechter Veianen Zeenen aus dem Zweete Weltkrich nogestallt ginn, dozou gehéiert och, datt eng Pontonsbréck iwwer d’Our nogebaut gëtt. E Sonndegmoie gëtt op der Plank eng Zeremonie organiséiert, bei där ënnert anerem de Grand-Duc Henri dobäi wäert sinn. All Informatiounen iwwert de Festprogramm fënnt een op vianden80.com

Fannt hei déi komplett Presentatioun

Back to Top
CIM LOGO